top of page
Wëllkomm bei der Biergerinitiativ Furen
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
mir begréissen Iech op der Säit vun der neier Biergerinitiativ Furen.
Mir, d´Awunner vun "An der Tomm", hu genuch vun dem ville Verkéier an dem onerträgleche Kaméidi.
Eis Liewensqualitéit leit an et gëtt héich Zäit, eppes z´ënnerhuelen.
Losst eis zesummen un engem Strang zéien a mat enger Stëmm schwätzen.
Fir Verännerung!
Maacht mat!
Zesumme si mir staark.
Neiegkeeten a Meenungen
Geféierlech Situatioun: Zevill Verkéier fir déi kleng Strooss "An der Tomm".
Eng 30er-Zon "An der Tomm"?
"An der Tomm": Eng Duerfstrooss ouni Zebrasträifen.
Wisou ginn et nach ëmmer keng agezeechent Parkplazen an onser Strooss?
Zesumme si mir staark
D’Biergerinitiativ Furen ass iwwerzeegt, datt mir zesummen Ännerungen erreeche kënnen. Eis Initiativ brauch Är Ënnerstëtzung - sief et duerch Är Stëmm, Är Zäit oder Är Participatioun un eisen Aktiounen. Kommt mir schaffen zesummen fir aus eisem Duerf eng méi roueg, méi sécher a méi liewenswäert Plaz ze maachen.
Maacht mat bei eiser Biergerinitiativ a loosst eis zesumme fir eis Rechter an d'Zukunft vun eise Kanner kämpfen. Är Ënnerstëtzung kann den Ënnerscheed maachen. Hëlleft mat!
bottom of page